Du iwwerhëlscht Verantwortung fir d'Planung, den Dreh an d'Veraarbechtung vum Video-Content: Produkt-Shoots, Erklär-Videos, Tutorials, Interviews, Trailer, Formatiounen, Employer Branding Videos, asw.
Du initiéiert Brainstormings, Recherchen, Trendlëschten an identifizéiert spannend Themen, entwéckelst ureechend Content an präsentéiert Inhalter an Redaktiounspläng
Du erstellst Video Scripts an Storyboards am Austausch mat kreative Kolleegen
Du publizéiers an verwaltes Inhalter op eisen Social-Media-Kanäl (YouTube, Instagram, Tiktok, asw.)
DEIN QUALIFIKATIOUNGEN
Éischt Beruffserfarung als (Video) Content Creator
Du bass geüübt hannert an virun der Kamera ze stoen
Erfarung mat Adobe Photoshop oder Final Cut Pro X
Du bass e Profi un der Kamera a kanns Regie féieren, schneiden an alles anert maachen, wat néideg ass, fir super Videoinhalter ze erstellen
Du kanns super Aarbechtsprouwen virweisen
Du schwätz fléissend Däitsch an Englesch
DEIN BENEFITEN
Eng verantwortungsvoll Positioun an engem staark wuessenden an innovativen Startup
Flexibel Aarbechtszäiten, déi deelenweis och am Homeoffice kënne geschéien
Offen Aarbechtsatmosphär mat flachen Hierarchien an kuerzen Entscheedungsweeër
Vill Gestaltungsfräiheet fir eegen Iddien, Projeten an d'perséinlech Weiderentwécklung
Austausch duerch Team-, Office- an Startup-Events
Käschtefräi Iessen, Uebst, Snacks, Kaffi, Waasser, etc.